GNADENHAFF VUN MÄRKELS ( BEI WOLZ )

Akutell hellefen mir selwer op engem Gnadenhaff zu Märkels, töscht Wolz an der Kautenbach. Héi gett ett eng Famill, déi een Bauerenbetrieb féieren, an nierwenlaanscht bidden sie och nach villen Déieren, déi oniwerluecht ungeschaaf goufen, een néit Doheem. Sie hun aktuell eng ganz Réih vun Déieren, wéi Ieselen,Ponyen,Pärd,Geesen,Gänsen,Ienten,Kanéngercher,Mierschwéngercher,Hängebauchschwäin,..... Well mir als Déierenschutzveräin emmer méi Unfroen kréien fiir sou Zorten Déieren ze placéieren, hun mir eis schon des öfteren un sie gewandt an goufen nie am Reen stoen geloss. Dofir ass ett fiir eis méi wéi normal dass mir och sie ennerstötzen. Mir hellefen am Moment op der Platz fiir Haisercher ze bauen fiir d'Déieren virum Wieder ze schützen. Hei op deser Platz wöllen mir och dem Romain Reuter an dem Barbara Maleah Chyska  ( www.emoko.net ) villmols merci fiir hir Invitatioun op divers Virträg, wou mir dann können Reklam machen fiir den Gnadenhaff an dann do och Suen können sammelen fiir diverse Saachen ze kaafen. 

 

Matt enger klenger Fotoreportage ginn mir iech een Ableck op den Gnadenhaff. An 2010 wärten mir iech matt Zäit iwert een Datum fiir eng Porte-Ouverte zu Märkels informéieren, fiir dass dir iech op der Platz könnt iwert hire Arbescht informéieren.

Héi weisen mir Iech anhand vun Biller den Vorher - Nachher, resp. waat mir genau um Gnadenhaff schaffen ;-)  Als éischt hun mir den Geessen een néit Ennerdaach gebaut, an daat an 2 Weekend'er. Huet nett lang gedauert bis sie och dovun profitéiert hun, well wou mir bis färdeg waren, eis Saachen all eweggeraumt haaten, sinn sie der Réih no drangepilgert an hun alles inspizéiert. Bei guddem Wieder hun sie och eng Terrasse, emplus kréien sie nach ennenhinner grouss Steng hingeluecht, fiir dass sie nach méi een natiirlechen Liewensraum hun.

Dir wöllt den Gnadenhaff Märkels besichen goen ? Dann macht een RDV aus um Nr. 691 381 166

 

Falls dir wöllt een Don un sie machen dann göllt folgend Kontosnummer:

 

IBAN LU79 0019 3403 7675 7000

BIC: BCEE LU LL

Gousenbourger Marie-Rose

Vermierk: GNADENHAFF