Protectora Apan
Asile zu Odena bei Igualada
A.P.A.N (Associació Protectora d’Animals de la comarca de l’Anoia) ass een Déierenschutzverain an Katalonien (Barcelona)
Den Asile ass 6ha grouss an mettlerweilen setzen do net nemmen Muppen an Kaatzen ma leider wéint illegalen Importer och well Aafen, Léiwen an Ara/Papagei. Awer och Notzdéieren wéi Schoof, Hängebauchschwain, Gänsen, Inten an Wäschbieren hun se do, alles Déieren wou net méi gewollt sin.
Animal Hope hölleft Apan andeems mir fir si Spenden sammelen (Fudder, Decken, Kierwercher, Medikamenter). Wann dir Interessi un engem vun den Déieren sollt hun dann kann een Transport entweder per Fliiger oder per Strossentransport organiséiert gin, oder dir flitt selwer dorower, dann könn dir ärt Déier och mat erop bréngen. Am Fong machen mir keng Vermëttlung méi vun spuenegen Déieren, ma heiensdo dann verléiwen Leit sech sou uerg an een Déier dass een dann awer muss höllefen ;-)
All Déieren goufen geimpft, getest, sin steriliséiert (ausser Welpen enner 6 Méint) an gin och just vermëttelt mat engem europäischen Impfpass an och nemmen wann d'Gesondheet et zouléisst.
gidd einfach mol kucken op www.protectora-apan.com
Animal Hope Luxembourg Asbl