Eisen Verain


Animal Hope gouf offiziell den 28.05.2007 gegrönnt an eis Statuten goufen am Mémorial C N° 1440 vun 2007 publizéiert. Mir sin eng Asbl (association sans but lucratif) déi nemmen duerch Don'en, Memberskaarten an eegen Aktiounen wéi Chrëschtmaart, Porte Ouverte, Floumärt, asw finanzéiert get. All Joer get eng Assemblée ofgehaalen wou d'Konten présentéiert gin.

Mir hun elo 2 Porte-Ouvert'en gemach, wärten awer an Zukunft eis Arbescht éischter matt engem Muppenrallye den Léit présentéieren. Mir hun och ungefangen op Floumärt eisen Stand opzeriichten wou mir Saachen un den Mann/Fra bréngen wellen déi mir vun eisen Frënn an Bekannten kréien awer och vun villen Leit aus dem Facebook, wou een eis och mol untrëfft. Mir versichen eis d'Gléck och emmer mam Verkaaf vun selwer gebaakenen Muppenkichelcher, Knuewelécksuelech, pikanten Uelech, agemachtenen Knuewelek, T-Shirten an Fleecepullover, an Memberskaarten iwwert eisen Shop. Alles kann bestallt gin iwwert d'Emailsadress info"@"deierenrubrik.lu an get och verschéckt.


Momentan hun mir 2 aktif Memberen déi allen béid enger gereegelter Arbescht noginn an den Déierenschutz an hirer Fräizäit machen.


Animal Hope ass keen Asile an och keng Opfangstatioun, et get just nemmen gehollef bei der Vermëttlung vun Déieren wou net méi an hierer Famill können bleiwen an dest direkt vun der aaler Famill an eng Nei ouni Zweschenstatioun. Leit wou Déieren fond hun mussen mir leider un eis Asiler hei an Letzebuerg verweisen well mir hei absolut keng Plaatz hun an och keng Méiglechkeeten fir se enner ze bréngen.

Öffnungszaiten hun mir keng. Mir gin allen zwee eis 8 Stonnen schaffen vun 8- 17 Auer an sin doduerch och just owes ze erreechen. Mir wären frou wann dir iech géngt telefonesch oder per email am Viraus umellen wann dir bei eis kommen wellt.

Sonndes ass eisen Roudaag wou mir dann och net do sin. Wann dir een Déier verluer hudd oder fond hudd dann kënn dir eng Annonce opgin op www.deierenrubrik.lu oder een Fax schécken op den 26582727 oder uruffen op den 661 66 55 33 an do een Message hannerlossen, mir traitéieren daat dann direkt an tippen dann d'Annonce fir ierch an.

Team vun Animal Hope

Danielle Toussaint (Presidentin) Danielle Toussaint (Presidentin)

Tel: 661 66 55 33 ab 17:30 Auer ze erreechen oder awer een Message um Repondeur hannerlossen dann ruffen mir zereck. Opgepasst mir gesinn äre Nummer nett, well den Handy eng Deviation d'Appel huet, dir musst eis äre Nummer hannerlossen soss können mir nett zereck ruffen. Email info@deierenrubrik.lu

Tania Welfring Tania Welfring

Virkontrollen an Fudderspenden am Raum Diekirch

Nathalie Baulisch Nathalie Baulisch

Virkontrollen an Fudderspenden am Raum Péiténg

Florence Engel Florence Engel

Virkontrollen an Fudderspenden am Raum Vianden an Grenzraum Daitschland.

Ben Bamberg Ben Bamberg

Ben an Josée ouni déi et net géng goen. Fudderspenden am Raum Déifferdéng. Emmer an iwwerall dobai

;-)

Carole Arend Carole Arend

Virkontrollen an Fudderspenden Raum Boulaide (Lac de la Haute Sûre)