Gesicht gin nach emmer Endplaatzen fir Raaten. 30 Raaten, Béck an Mudderen, goufen zesummen bei Medernach am Bösch ausgesaat an hun sech do op engem Koup zesummen gedréckt well et sou schrecklech kaal war. Déieren an Nout huet dun d'Déieren agefaangen an se bei den Véidokter bruecht. Baal all d'Raaten hun méi oder wéineger Problemer mat den Patten waat op schlecht Haltung hinweist. Béck goufen lo kastréiert. se sin all sou zwëschen 1an 2 Joer aal. et sin virun allem weiss mat gro Raaten (Husky) an se sin och méi oder wéineger handzahm. D'Raaten goufen opgedeelt op verschidden Verainer an Déierenschützer déi se an Pflege hun bis dass eng Famill sech meld. wann dir Interesse un enger Raat hudd, soit fir eng eenzel Raat bei eng Raat ze setzen wou dir well doheem hudd oder als Köppelchen dann meld iech bei Déieren an Nout www.deieren-an-nout.lu well si këmmeren sech em Vermëttlung. D'Raaten gin net an Eenzelhaltung vermëttelt well et Ruddeldéieren sin an net alleng sollen liewen.
Animal Hope Luxembourg Asbl