Wann een Déier fortleeft dann muss een versichen d'Rou ze behaalen. Et ass net emmer einfach, daat ass gewosst ma et hölleft dem Déier naicht wann den Meeschter vun lauter Panik net méi wees waat en fir d'éischt machen soll !

 

*op der Plaatz wou e fortgelaaf ass eng Decken déi no him richt leien loossen, am beschten souguer den Auto (Mall op?) do stoe loossen,
*Foto sichen a Flyer man (am beschten een wou een ennen kann Tel Nr erofrappen) 
*Ziedelen man wou ee kann de Leit déi ee begient an de Grapp drecken, och eventuell froen dass si d'Gsm Nr aspaicheren (well et héiert een oft wann en Hond fond gett "ah jo dës Lescht war mer ee begient deen ee vermësst-ech hun awer keng Ahnung ween dat ass")            
*bei www.rtl.lu  www.asile.lu  www.deierenrubrik.lu  www.tiernotruf.org  www.srpa-liege.be  www.find-mich-fix.de  mellen, a sämtlech Asiler uruffen, am beschten een mat enger Foto lanscht schecken
*dem Fierschter an dem Juegtpächter Bescheed soen, bei der Police uruffen
*et muss eng Persoun gin déi dat ganzt koordinéiert, an déi och stänneg per GSM ze erreechen ass
*wann de Mupp schei ass muss dat ganz kloer gesot gin, an et soll een och op de Flyer schreiwen dass d'Leit net sollen probéiren en ze fänken well dann dreiwt een en just weider. Si sollen Fudder dohinn stellen an de Propriétaire ruffen, eventuell aus Distanz(!!!) beobachten
*wann den Hond an enger Datenbase (Tasso, idchips, MMM...) registréiert ass, kontrolléiren op do d'Donné'en nach stemmen, et ass ee vlait geplennert oder Tel.Nr huet geännert
*wann en net gemellt ass, dat direkt nohuelen

Wou soll de Flyer hin kommen?
-per mail un all d'Bekannten mat dem Hinweis datt si et sollen weider gin (per mail mee awer och erausprinten a verdeelen)
-an de Forum als attachment
-bei d'Véidokteren
-an d'Hondsschoulen
-bei d'Hondscoiffeuren
-an Déirebutteker a Supermarchéen
-bei Bushaisercher, Gemengen, Kirchen...
-op de Parking, wou d'Leit fort gin fir trepplen ze ze goen
-an Reitställ

 

ier een ufängt mat Flyeren ausdroen sollt een awer mol sämtlech Verwaltungen an Déierenschutzverainer am Land bescheed soen.

 

Hei eng Löscht vun nötzlechen Adressen an Telefonsnummeren

 

Hei fannt Der Tel.Nr vun de Fierschteren: http://www.environnement.public.lu/functions/apropos_du_site/aef/organigramme.pdf
si kennen Iech soen ween Juegtpächter ass, dat kennt Der awer och op der Gemeng gewuer gin.

Hei sin di ganz Véidokteren : http://www.amvl.mantra-cube.de/cms/website.php?id=/de/garde-start.php

Do fannt Der d'Policebüroen : http://www.police.public.lu/PoliceGrandDucale/Commissariats/index.html

Tel Nr. vun den Asiler an Déirenschutzorg.:
Asile National de Gasperich: 48 13 13 (www.deierenasyl.lu   info @ deierenasyl.lu)
Asile de Dudelange:  51 61 21 847 (www.asile.lu    info @ asile.lu)
SPA Rédange/Attert: 23 63 03 80
SPA Differdange:  621 197 081
Asile Rumelange:  56 50 73
Asile Esch/Alzette:  54 74 48 (www.sepa.lu   info @ sepa.lu)
SPA Schifflange:  54 92 82, 54 64 51
Déiereschutz Norden:  95 75 36
Déierefrënn Lëtzebuerg:  92 31 37, 52 19 03 (www.deierefrenn.lu    info @ deierefrenn.lu)
SOS Animaux:  26 78 00 88 (www.sos-animaux.lu  sosanimaux @ gmail.com )
Alpa:  48 83 95, 36 60 53 (www.alpa.lu   alpa @alpa.lu)
Privaten Déiereschutz:  34 85 01
Animal Hope: 691 500 903 oder 691 500 906 (www.animal-hope.org  info @ animal-hope.lu) (www.deierenrubrik.lu    info @ deierenrubrik.lu)
Sos Animal:  661.791.216 oder 621.745.202 (www.sos-animal.lu   info @ sos-animal.lu)
 
Refuge de Thionville (F): 0033 3 82 50 31 45
Refuge Arry (Metz): 0033 3 87 52 08 99 ( http://spa.arry.free.fr/?q= )
Refuge Forbach:0033 3 8 87 29 30 (www.tiere-kennen-keine-grenzen.com)
Annuaire des refuges de la Lorraine (www.apaa.asso.fr/annulorraine.htm)

Tierasyl Trier/Zewen (D): 0049 65 18 61 56 (www.tierheim-trier.de)

Refuge Arlon:(B): 0032 63 22 17 54 (www.srpa-liege.be)

MMM : +352 661 77 67 93 (www.menschenmatmuppen.lu)

Déierenrubrik RTL : http://www.rtl.lu/modules/showarchive.rtl?start=404&stop=404&path=service&subpath=deiererubrik (do ass och en Archive mat alen Annoncen, wann Der op den Datum klikkt gesidd Der se all; déi vun Samstes kommen awer leider net an den Internet)
Déierenrubrik Eldoradio: pinwand@eldoradio.lu
Déirenrubrik DNR: http://www.dnr.lu/index.php?page=extra&id=70

En professionellen Tierfänger an Daitschland : http://www.fockenbachmuehle.homepage.t-online.de/44.html

Verschidden Zeitungen publizéieren är Vermësstenannonce gratis (deelweis souguer mat Foto).

Wann der Hëllef braucht, mellt Iech bei eis. Secher huet deen een oder aneren Zait fir mat sichen ze goen, Flyer'en ze verdeelen....