GNADENHAFF ANIMAL SCREAM ASBL - BURNON

Wien ass Animal Scream Asbl

 

Sie sinn een letzebuerger Déierenschutzveräin wou een Gnadenhaff an der Belge féiert ( no un der letzebuerger Grenz )

 

MISCHI

 

Den Mischi ass am Bösch fond ginn, ganz offgemooert an total verängstlecht. Hien huet ganz lues geléiert nees Vertrauen an den Mönsch ze kréien. Hien ass haut een léiwen, charmanten Kärelchen, matt enger staarker Perséinlechkeet ;-) 

MARZIPAN , ROSALIE , UND KETTY

 

sie sinn als Hausdéier am härzlechen Alter vun 2 Méint ungeschaaft ginn, an hun matt 8 Méint just nach gestéiert an sinn offginn ginn. Sie liewen elo an engem artgerechten Gehege.

 

 

DAMY

 

Den Damy ass een groussen impressionnanten Kärel vun 23 Joër. Hien stung joerenlaang alleng op enger Wiss an seng Besetzerin huet hien wéint dem Damy sengen gesondheetlechen Problemer ewegginn. Elo genéisst hien säin Liewen zesummen mam VENEZIA, waat total offgemouert an séileg verletzt an einem Reitstall stung. Déi zwee sinn onzertrennlech ;-)

 

Den Damy ass deen matt der langer wäisser Bless an d'Venezia daat matt der klenger wäisser Bless ;-)

DEN DEIEREN HIER VIRGESCHICHT

 

Déieren kommen all aus verschidden Situatiouen raus, soit well sie nett méi konnten op hirer aaler Platz bleiwen, well sie vernoléissegt gouffen oder well hiren aalen Besetzer sie nett méi wollt oder nett méi konnt artgerecht haalen. Elo um Gnadenhaff därfen sie glecklech een artgerecht Liewen bis zum Schluss verbrengen.

 

WEI ENG DEIEREN HUN BIS ELO HEI EEN DOHEEM FOND ?

 

Pärd, Geessen, Schoof, Schwain, Ienten, Gänsen , Katzen, Muppen, Kanéngercher, ....

Ett liewen méi wéi 40 Déieren um Haff matt 5ha Land.

 

WEI GESAIT DEN DEIEREN HIRT NEIT LIEWEN AUS ?

 

Pärd därfen an engem oppenen Stall lierwen matt fräiem Zougang op Wiesen. Geessen an Schoof hun och een oppenen Stall an ginn offwiesselend op Wiesen gesaat. Gänsen an Ienten laafen frei an hun een groussen Wéiher zu hirer Verfügung. All Déier kann héi sengen natiirlechen Instinkten an Bedierfnisser entspriechend säin Liewensowend genéissen.

 

WEI KÖNNT DIR DEN DEIEREN HELLEFEN ?

 

- Andeems dir Animal Scream Asbl finaziell ennerstötzt

- Andeems dir eng Patenschaft vun engem Déier iwerhuelt

- Andeems dir op der Platz eng Hand matt unpaackt ( Haisercher bauen, Péil anschloen, Droht zéihen,...)

 

Freiwelleger sinn wellkomm - och Fudderspenden fiir Déieren ginn gären ungeholl

 

 

Den Sproch vum Gnadenhaff

 

"WIR SIND NICHT NUR VERANTWORTLICH FÜR DAS WAS WIR TUN, SONDERN AUCH FÜR DAS, WAS WIR NICHT TUN"  vum VOLTAIRE

 

 

 

 

 

ANIMAL SCREAM GNADENHAFF Asbl

Refuge pour Animaux

Becker Diane an Helten Marco

Burnon 4  B-6637 Fauvillers

Tél. +32 612 337 40

 

CCPL: LU78 1111 1974 9095 0000

Fotoupdate vum Juli 2010