Seven Valley Ranch zu Würrich (D) Seven Valley Ranch zu Würrich (D)

Seven Valley Ranch ass een Pärdshaff deen emgebaut gouf zu engem Chaletscamp wou een en holzenen Chalet kann lounen mat séngem Mupp oder och mat méi Muppen. Alles ass super léif ageriicht an fir d'Wuel vum Déier ass un aller éischter Stell gesuergt. Et kritt een Kierf an Decken zu Verfügung gestallt, Muppenschosselen an och souguer Fudder (Echantillon). Fir den Meeschter ass och alles do. Chalet'en hun all Dusch/WC an Better sin ganz bequem et muss een just nach Bettgeschier mathuelen, Quetten an Pillemen sin do. Um Terrain selwer muss den Mupp an der Léngt bleiwen (ausser et ass een ausserhalb vun der Saison do an och alleng) an um Terrain selwer muss een och d'Hannerlossenschaften vum Mupp ewech machen :-)

Déi 2 wou den Haff leeden sin ganz léiwer an och den "Hausmeister" ass déck cool an hölleft wann een en brauch.

Et ass eng ganz ongezwongen Atmosphär an et get vill an der Emgéigend ze kucken. Wanderweer get et wéi Sand um Mier an den Mupp darf och frai laafen.

Leider lait den Haff an der Afluchschneis vum Flughafen Hahn waat eigentlech deen eenzegen Manktum ass.

Op www.seven-valley-ranch.de kann een déi ganz Infoen noliesen