Är Höllef

Dir kënnt eis höllefen andeems dir eis een Don maacht oder Fudderspenden/Saachspenden bréngt. Mir sammelen alles un Fudder (Bécksen an Drëschenfudder) darf och schon bessi ofgelaaf sin (ass emmer nach laang nom Datum gudd) an Kierf an Decken. Léngten an Halsbänner. Medikamenter fir Déieren. Utensilien fir Kaatzen an Muppen.

 

dir kënnt ierch awer och als Pflegestell mellen fir Muppen, Kaatzen, Frettercher, Raaten, Mierschwéngercher, Hamster, Pärd, Poney oder Iesel, asw... well mir hun bei eis net déi néidech Plaatz fir een Noutdéier enner ze bréngen.

 

Dir kënnt eis och höllefen andeems dir mat eis oder fir eis op Floumärt gidd fir déi Saachen un den Mann/Fra ze bréngen wou mir vun riets an lénks sou kréien. Leider hun mir net emmer déi Zait fir daat ze machen.

 

Mir sin z.B och frou iwwert alles waat gebastelt oder gemolt get an waat mir dann darfen fir den gudden Zweck verkaafen. All Euro hölleft eis alt rem fir den Déieren ze höllefen.

 

Mir wären frou wann mir op eisen Aktiounen Fraiwelleger géngen fannen déi eis eng Hand mat upaaken. Service, Contoir, Grillstand, asw... Eis Aktiounen fannd dir regelméisseg enner "News"

Kennenléieren firdrun ass natierlech Pflicht fir ze gesin op d'Chemie dann och stëmmt

:-)

Wann dir eis finanziell wöllt ennerstötzen:

Iban LU70 1111 2541 4202 0000
BIC/SWIFT : CCPLLULL
Inhaber: Animal Hope Luxembourg Asbl
Bank: P&T Luxembourg
Als Communication kënn dir dann ugin woufir d'Suen sollen geholl gin.